Gemengepinnwand

25/03/2016 Gemeinschaftsgäert an der Stad Lëtzebuerg

VdL-Logo-600x372

D’Stad Lëtzebuerg organiséiert de 25. Mäerz 2016 eng Visite vun hiere Gemeinschaftsgäert!

jardins-communautairesD‘Stad Lëtzebuerg huet 2013 hieren éischte Gemeinschaftsgaart an d‘Liewe geruff an zanterhier klëmmt d‘Nofro no weidere Gäert. Mëttlerweil ginn et schonn 3 Gäert (Bouneweg, Gare/Uewerstad a Lampertsbierg).

Duerch de Projet kënnt et zum Ubau vu pestizidfräiem Geméis a Blummen, ma och zu gudden Noperschaftsbezéiungen tëscht alle Generatiounen a Nationalitéiten. Ee Gemeinschaftsgaart, am Ënnerscheed zu anere Gaardeformen, gëtt vun enger Grupp vu Noperen aus dem selwechte Quartier zesumme beschafft, ënnert ekologesche Kritären. Wat geplanzt gëtt a wat vun Aktivitéiten am Gaart an ausserhalb vum Gaart ënnerholl gëtt, gëtt zesummen decidéiert.

Wann Dir en flotten ekologeschen a soziale Projet wëllt an Ärer Gemeng ëmsetzen, da kommt Iech e puer Iddie maachen a profitéiert vun enger Visite vun engem Gemeinschaftsgaart vun der Stad Lëtzebuerg.
D’Equipe vum Ëmweltdelegéierte freet sech, Iech de Projet virzestellen a soumat direkt op Är Froe reagéieren ze kënnen.

Visite vun engem Gemeinschaftsgaart 25. Mäerz 2016 10h00-12h00

Treffpunkt : rue Nicolas Ries / Limpertsberg

Umeldung (w.e.g.): environnement@vdl.lu ¦ +352 4796–4773

PDF – Invitatioun