Gemengepinnwand

23/11/2015 – 02/12/2015 Ëmweltwochen zu Suessem

commune_sanem

D’Gemeng Suessem organiséiert vum 23. November bis den 2. Dezember hier Ëmweltwochen.

Emweltwochen Suessem_Bild

Am Virfeld vun der UN-Klimakonferenz zu Paräis, weist d’Gemeng Suessem mat ville praktesche Beispiller, dass jidderee vun eis am Alldag Klimaschutz maache kann. Organiséiert goufe verschidde Konferenzen, Info-Owenter, Workshopen an Aktivitéite fir d’Awunner, usässech Entreprisen an Interesséierter. Méi Informatioune fannt Dir an der Informatiounsbroschür vun der Gemeng.