Gemengepinnwand

17/10/2016 Ëmweltwochen an der Gemeng Suessem

commune_sanem

Ënnert dem Motto “Suessem schmaacht” invitéieren de Schäfferot, den Ëmweltbüro, d’Ëmweltkommissioun an d’Klimateam vun der Gemeng Suessem op hier mëttlerweil traditionell Ëmweltwochen vum 17. bis de 25. Oktober. Nierwt Veranstaltungen zu bewosster a gesonder Ernährung vun de Kanner, awer och vun Hönn, gett et och Konferenzen zu Urban gardening an Entwécklungsprojeten an anere Länner.

Donierwt gett et och eng Ausstellung, e Familjendag an eng Tauschbörse fir Kannerspillsaachen.

An deem Kader ginn och zwou Konferenzen an Zesummenaarbecht mat der EBL organiséiert.

Kommt laangscht an den Artikuss zu Zolwer!

Brochure zu den Ëmweltwochen