Gemengepinnwand

01/10/2015: Présentatioun vum “e-container”

Schifflange

D’Gemeng Schëffleng huet viru kuerzem als éischt Gemeng am Land e sougenannten “e-container” an enger Résidence opgestallt.

Den E-Container ass eng sou genannten “intelligente” Poubelle, déi et erméiglecht dem Prinzipie vum “pollueur-payeur” gerecht ze ginn an eng Facturéierung no reellem Verbrauch ze erméiglechen. Heimatter wëll d’Gemeng Schëffleng an Zukunft déi néien Bestëmmungen vum hirem Gemengereglement iwwert den Offall nokommen, deen sech op d’Gesetz vum 21. Mäerz 2012 iwwert d’Gestioun vum Offall bezitt.

Déi offiziell Présentatioun vun dësem neie System, gett vun de Responsabele vun der Gemeng gehalen

den 1. Oktober 2015 um 15h00 Auer

am Festsall vum Centre Seniors (11-15, rue CM Spoo)

Kommt a kuckt Iech dësen interessante Projet un an zéckt net ze froe wat et matt deem Container op sech huet.

Hei geet et bei déi offiziell Invitatioun

e-container