Seminar: Energiesparen in Gebäuden I – Öffentliche Verwaltungen als Energiesparmotor

Mir maachen iech gären op dës Formatioun opmierksam, déi d’EBL wéi all Joer zesumme mam Här Grobecker vum e&u Energiebüro organiséiert.

De Seminaire soll all de Participanten d’Méiglechkeeten weisen fir Energie an den ëffentleche Verwaltungen ze spueren, vun techneschen Moossnamen bis zur Verhalensverännerung vun den Ugestallten.

Energiespueren ass eent vun de Schlagwieder vun eiser Zäit. Fir als ëffentlech Verwaltung efficace Energie ze spuere, brauch et awer e gudden Energiemonitoring, d.h. eng systematesch Iwwerwaachung, Opzeechnung, Analyse a Steierung vun der Energieversuergung an dem Energieverbrauch. Dëse Cours bréngt de Participant’en d’Méiglechkeete vu computer Systemer vum Energiemonitoring méi no.

 

 

Schwéierpunkten : Energiespueren, Energieeffizienz, Energiespuerend Techniken

Umeldung ausschließlech iwwert den INAP méiglech.
Participatioun ass gratis fir all Gemengenemployé(e) a – beamten.

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.