Evenementer

Mulchen / Isoléieren / Bauen – ugeplanzt fir de Waasserschutz a regional produzéiert fir är Gemeng!

02/02/2018

Miscantus

De Freiden, 02. Februar, huet d’EBL zesumme mam SES en Seminär iwwert regional produzéiert Produiten organiséiert, déi dem Waasserschutz ze Gutts kommen a fir eng Gemeng interessant Uwendungsméiglechkeete bidden. 
Duerch eng regional Beschafung kann een net nëmmen d’Entwécklung vun enger lokaler Kreeslafwirtschaft fërderen a Punkten am Klimapakt sammelen, mee mat deene virgestallte Produite leescht een och een aktive Bäitrag zum Waasserschutz.
Wëll dir eventuell an ärer Gemeng d’Rohmaterial fir esou Produiten uplanzen? Hutt dir selwer Quellen oder Pëtzer, deenen hier Qualitéit dir duerch den Asaatz vun Alternativkulturen wëllt erhallen oder verbesseren ? Och dozou gouf et déi néideg Informatiounen!

Vum INAP unerkannt!

 

Wéini: De Freideg, 2. Februar 2018 vun 09h00 bis 12h00
Wou: Syndicat des Eaux du Sud / Fockemillen, L-8386 Koerich
Fir wien : Gemengepersonal aus de Servicer : Technique / Jardinage / Cantine / Achat / Ecologique  & Entscheedungsträger aus de Gemengen – Landwirtschaftlech Produzentenall an all aneren Interesséierten ass häerzlech Wëllkomm deel ze huelen!

Programm: Um Programm stoungen kuerz Presentatioune vun Institutiounen a Syndikater zum Thema Waasserschutz a Kreeslafwirtschaft, esou wéi eng Ausstellung vu regionale Produiten, déi fir eng Gemeng relevant sinn, a Visitte vu praktesche Beispiller (Programm mi ënnen).

Dësen Event gouf organiséiert an Zesummenaarbecht mam Syndicat des Eaux du Sud


Presentatiounen:


 

Programm:

09h00 – 10h30: Kuerz Virträg

  • Syndicat des Eaux du Sud – Bert Wolf: „Vun der Quell bis an de Krunn, eng ronn Saach“
  • Administration de la gestion de l’eau – Jeanne Hennicot: „Noohaltegt Drénkwaasser mat der Landwirtschaft an de Gemengen“
  • Miscanthus – Carlo Posing: „Miscanthus am Kreeslaaf“
  • Ramborn Cider CO. & PositiveImpaKT (Jeannot SCHROEDER) „Positiven zirkulären Impakt op Waasser a Landwirtschaft“
  • Findelshaff – Jean-Luc Friedrich: „Nohaltegt Baumaterial aus Stréi“

10h30 – 12h00:  Ausstellung & Networking

  • Miscanthus.lu : Mulch a Baumaterial
  • SES : Waasserschutzmoossnamen
  • Findelshaff : Bau-Placken aus Stréi
  • Peintures Robin: Faarf aus Läinueleg
  • Hemmerhaff: Bio-Spelznuddelen
  • Ramborn: Cidre
  • IBLA
  • Landwirtsschaftskummer

10h30 – 12h00:  Visiten

  • Themaqua
  • Pompelstatioun
  • Sanéiert Quell

 

Biller:

IMG_4141IMG_4143 IMG_4139IMG_4145 IMG_4147 IMG_4149