Evenementer

Haushalt ouni Pestiziden – Visite bei der SDK®

25/07/2017
14:00 - 16:00
Wou: Zone Industrielle Piret, L-7737 Colmar-Berg

Pestiziden am Haushalt? Planzeschutzmëttel (Herbiziden), déi nach vill ze oft am Gaart ugewennt ginn, kennt jiddereen. Mee dass och aner Pestiziden (z.B. Bioziden) oft am Haus sëlwer agesat ginn, deem si sech déi mannst bewosst. A wat fir enge Produitë sech Pestizidwierkstoffer verstoppen, op wat ee soll bei der Uwendung oppassen a wat méiglech Alternative sinn, dorop kritt der bei eiser Visite bei der SDK® Äntwerten. No engem prakteschen Austausch steet och nach eng Visite vum Dépôt vun der SuperDrecksKëscht® um Programm. Hei gesitt dir, wéi d’Pestizide musse gelagert ginn a wat mat de Reschter vun de Pestizide geschitt.

Dës Visite ass fräi zougänglech fir all interesséierte Bierger a gëtt vun der EBL zesummen mat der SDK®  am Kader vum Projet “Energie- an Emwelttheme fir Bierger” organiséiert.

Dës Veranstaltung ass op e spéideren Datum verluet!!

EBL_Infographik_Juli_Mein Zuhause - ohne Gift besser leben_LU