Evenementer

Generalversammlung 2019

18/03/2019
18:00 - 20:00
Wou: Centre ArcA @ Bertrange (Koordinaten: 49°36'32.0"N ¦ 6°03'26.7"E)
Adress: 17, rue Atert ¦ L-8051 Bertrange

Mir lueden eis Memberen ganz häerzlech op d’Generalversammlung 2019 an.

Ordre du jour

  • Begréissung an Usprooch vum President
  • Feststelle vun der Beschlossfäegkeet 
  • Tätegkeetsbericht 2018
  • Finanzbericht 2018
  • Bericht vun de Caisserevisoren
  • Présentatioun vum Budget 2019
  • Neiwahl an eventuell Erweiderung vum Comité
  • Propositioun fir eng Ännerung vun de Statutten
  • Ausbléck op 2019
  • Divers

Umeldung: Fëllt w.e.g. den ënnen ugewisene Kontaktformulaire aus.

Falls Dir net un der Versammlung deelhuelen kënnt, dann iwwerdrot w.e.g. Äert d’Stëmmrecht un en anere Member anhand folgender Vollmuechtdeklaratioun:

Vollmuecht

Dëst ass wichteg fir d’Beschlossfäegkeet vun der AG garantéiren ze kënnen!

Mellt Iech w.e.g. un oder of, fir dass mir eis organiséiere kënnen!

Mir soen Iech elo schonn e grouße MERCI a freeën eis dës Geleeënheet ze notze fir Iech all erëm ze gesinn.


Iessen:

Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung proposéiere mir zesummen iessen ze goen. Mir géifen zu dësem Zweck fir 20h30 am B13 (13, beim Schlass) reservéieren.

Et gëtt e “Menu Hello Spring” an et kann ee jeweils tëscht Fësch, Fleesch oder vegetaresch wielen. Fëllt Äere Choix w.e.g. och am Formulaire hei ënnen aus.

D’EBL stellt eng Këscht dohinner, wou jiddereen e finanzielle Bäitrag zum Iesse kann drageheien!


Umelle kënnt Dir Iech bis spéitstens de 10. Mäerz 2019!

Generalversammlung

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.