Evenementer

Energiespueren a Gebaier II – Begehung vun engem Gebai

30/11/2018
09:00 - 16:00
Wou: Gemeng Beetebuerg, Château de Bettembourg 13, rue du Château L-3217 Bettembourg

Begehung vun engem Gebai

An dësem zweete Seminaire iwwert Energiespueren a Gebaier bilt de prakteschen Deel de Schwéierpunkt. En technesch orientéierten Deel behandelt Themen “Auswäertung a Verbrauchserfaassung” an “Heizungsregelung”. Dono fënnt een exemplaresche Rondgang duerch ee Gebai statt.

Dëse Seminaire went sech un Persounen déi sech ob hirer Aarbecht mat dem Thema “Energieverbrauch” an de Gebaier befaassen. D’Besiche vun dem éischte Kurs (den Dag virdrun) ass ee grousse Virdeel fir d’Grondkenntnisser ze sammelen.

Dëse Séminaire gëtt vum INAP unerkannt!

OPGEPASST: Umeldung iwwer den INAP !
Dir sidd weder Staats-, nach Gemengebeamten a wëllt trotzdeem um Seminaire deelhuelen? Mellt iech bei eis!

Programm

9.00 Auer: Aféierung
Energiemanagement – Aus- a Bewäertung vun der Energieverbrauchserfaassung
Wat fir Temperature fir wat fir eng Raim & Heizungsregelung
10.30 Auer: Paus
10.45 Auer: Astellung vun der Heizkurve &Verwendung vu Miesgeräter beim Energierondgang
12.15 Auer: Mëttespaus
13.30 Auer: Begehung duerch d’Gebai
15.00 Auer: Paus
15.15 Auer: Auswäertung vun der Begehung
Handlungsoptiounen

16.00 Auer: Schluss vum Seminaire