Evenementer

Energiespueren a Gebaier II (a) – Opbaucours: Praktesch Uwendungen

14/11/2017
09:00 - 16:00
Wou: INAP ¦ 35, rue de Bonnevoie ¦ L-1260 Luxembourg

Beim Opbaucours „Energiespueren a Gebaier – praktesch Uwendungen“ steet virun allem d’Kommunikatioun am Mëttelpunkt. Anhand vu verschiddene Filmsequenze vu reale Gespréichssituatioune ginn d’Méiglechkeete vun der Gespréichsféierung behandelt a Verhalensännerungen opgewisen. En technesch orientéierten Deel behandelt d’Themen „Auswäertung vu Verbrauchsdaten“ an „Heizungsregelung“ méi am Détail. D’Participatioun um Cours „Energiespueren a Gebaier I“ ass vu Viirdeel fir dëse Cours.

Dëse Séminaire gëtt an Zesummenaarbecht mam Naturpark OUR organiséiert a fënnt och an engem vun hiere Gebaier statt.

Dëse Séminaire gëtt vum INAP unerkannt !

OPGEPASST: Umeldung ausschließlech iwwer den INAP méiglech !!

Programm

Deel 1: Erfaassung vum Energieverbrauch – Erfahrungsaustausch

  • Energiemanagement
  • Aus- a Bewäertung vun der Energieverbrauchserfaassung 

Deel 2: Temperaturen an zouene Räim – Heizungsregelung 

  • Einfach Iwwerpréiwung an Astellung vun der Heizkurv

Deel 3: Verhalensännerunge bei de Notzer – Kommunikatiounsmodeller 

  • Méiglechkeete vun der Gespréichsféierung bei Reclammatiounen
  • Ënnerstëtzung duerch Drëtter – Informatiounsvermëttlung a Kommunikatioun

 Participatiounskäschten:

gratis fir all Gemengenemployé(e) a -beamten