Evenementer

Energiespueren a Gebaier I – Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor

29/11/2018
09:00 - 16:00
Wou: INAP ¦ 35, rue de Bonnevoie ¦ L-1260 Luxembourg

Nom groussen Interessi vun de leschte Joeren organiséiere mir och dëst Joer erëm zesumme mam Här Grobecker, eisem Expert vum e&u Energiebüro vu Bielefeld, eng Seminarrei iwwert d’Energiespueren an ëffentleche Gebaier. 

De Cours „Energiespueren a Gebaier I – Ëffentlech Verwaltungen als Energiespuermotor“ soll allen Interesséierten d’Méiglechkeeten opweise, fir an ëffentleche Gebaier Energie ze spueren. Nierwt e puer Grondlagen zum Thema Energie (Verbrauchswäerter, Käschten, Ëmweltimpakt, Monitoring a.s.w.) gi virun allem déi technesch (Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- a Klimaanlagen, Hëtztechnik, a.s.w.) a mënschlech Mesuren (Verhaalensännerung) ënnert d’Lupp geholl. De Séminaire viséiert virun allem Conciergen a Leit ouni grouß energietechnesch Virkenntnisser.

De praktesche Pendant zu dësem Seminaire liwwert den zweeten Deel, den 30. November 2018 zu Beetebuerg. Hei gëtt eng praktesch Begehung duerch ee Gebai ugebueden. Dësen zweeten Deel ass net obligatoresch mee sécher ganz nëtzlech! Dir muss iech heifir separat umellen.

Dëse Séminaire gëtt vum INAP unerkannt!

OPGEPASST: Umeldung iwwer den INAP !
Dir sidd weder Staats-, nach Gemengebeamten a wëllt trotzdeem um Seminaire deelhuelen? Mellt iech bei eis!

Programm vum 29/11/2018

Deel 1: Grondlagen Energie

  • Wat ass Energie?
  • Wee verbraucht wéivill dovunner?
  • Ëffentlech Verwaltungen an Energiespueren?
  • Energieverbrauch
  • Käschtekennwäerter
  • Energiemonitoring

Deel 2: Technesch Mesuren

  • Stroum: Beliichtung, elektresch Geräter, Lüftungs- und Klimaanlagen
  • Wärmt: Hëtztechnik

Deel 3: „Menschlech“ Mesuren

  • De Faktor Mensch
  • Energiespueren duerch Verhaalensännerung
  • „Dru bleiwen“ – Energiespueren däerf keng Dagesméck bleiwen