Evenementer

Annuléiert – EBL-Talk “Reduzéierung vun Haushaltsoffäll”

06/04/2017
18:15 - 20:00
Wou: Eis Epicerie Zolwer
Adress: 2, rue du Knapp ¦ L-4445 Soleuvre

Annuléiert – Den EBL-Talk vum 06.04.2017 zum Thema “Reduzéierung vun Haushaltsoffäll” ass ofgesot!

Dësen EBL-Talk dréint ëm d’Méiglechkeeten d’Haushaltsoffäll ze reduzéieren an déi separat gesammelt a recyclabel Fraktiounen ze erhéijen. De Guy Spanier, Ëmweltberoder bei der Gemeng Schëffleng, gëtt e ganz positiven Erfarungsbericht iwwer hiert innovatiivt Offall-Reglement, dat säit dem 1.1.2016 gülteg ass. Déi privat Haushalte ginn duerch finanziell Avantagen motivéiert den Offall ze trennen. Schëffleng ass déi éischt Gemeng, déi an de Residenzen, jee no Gréisst, entweder kollektiv Dreckskëschten mat Müllschleisen oder en internen Recyclingszenter obligatoresch gemaach huet.

Wéi kann een eng efficace Offallgestioun an de Résidencen erbäiféieren? Wéi kann een d’Privathaushalter dozou brénge, manner Offall ze produzéieren? Wéi kann d’Gemeng dat an hierem Réglement festhalen? Kommt op eisen EBL-Talk an diskutéiert mat, wéieng Erfahrungen Dir bei Iech an der Gemeng domat gemaach hutt oder wéieng Problemer dass Dir nach gesitt.

Dës Veranstaltung ass prioritär fir EBL-Memberen zougänglech an ob max. 20 Persoune begrenzt!! Fir d’Wuelbefannen vun Läif a Séil ass während dësem Austausch am klengen Kader och beschtens gesuergt.