Evenementer

EBL Generalversammlung 2018

28/03/2018
18:00 - 20:00
Wou: Centre Culturel (Foyer) ¦ 20, rue Princpiale ¦ L-5240 Sandweiler

Mir lueden eis Memberen ganz häerzlech op d’Generalversammlung 2018 an.

EBL Assemblée Générale 2018_BildOrdre du jour

  • Begréissung an Usprooch vum President
  • Feststelle vun der Beschlossfäegkeet 
  • Tätegkeetsbericht 2017
  • Finanzbericht 2017
  • Bericht vun de Caisserevisoren
  • Présentatioun vum Budget 2018
  • Neiwahl an eventuell Erweiderung vum Comité
  • Propositioun fir eng Ännerung vun de Statutten
  • Ausbléck op 2018
  • Divers

Umeldung: Fëllt w.e.g. den ënnen ugewisene Kontaktformulaire aus.

Falls Dir net un der Versammlung deelhuelen kënnt, dann iwwerdrot w.e.g. Äert d’Stëmmrecht un eng drëtt Persoun anhand folgender Vollmuechtdeklaratioun.

— Vollmuecht —

Dëst ass wichteg fir d’Beschlossfäegkeet vun der AG garantéiren ze kënnen!

Mellt Iech w.e.g. un oder of, fir dass mir eis organiséiere kënnen!

Mir soen Iech elo schonn e grouße MERCI a freeën eis dës Geleeënheet ze notze fir Iech all erëm ze gesinn.


Iessen:

Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung proposéiere mir zesummen iessen ze goen. Mir géifen zu dësem Zweck fir 20h00 am Ristorante-Pizzeria Gusto (33 r. principale L-5240 Sandweiler) reservéieren.

D’Entrée sinn Antipasti, Haaptplat an Dessert kënnen à la carte bestallt ginn.

D’EBL spendéiert d’Antipasti an d’Gedrénks.


Umelle kënnt Dir Iech bis spéitstens de 25. Mäerz 2018!

Generalversammlung

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.