News

Eng Konferenz zum Thema “Ma commune en transition?”

Ma-commune-en-transition_miniwebDen Donneschdeg, 2. Mäerz 2017 vun 19h00 – 21h00 Auer fënnt eng Konferenz zum Thema “Ma commune en transition? – Des solutions locales pour protéger le climat!” an de Rotonden zu Bouneweg statt.
Invité ass de Jean-Claude Mensch, Buergermeeschter vun der Gemeng Ungersheim am Elsass. Dëse wäert a sengem Discours Demarchen an d’Erfahrungen aus senger Gemeng, déi sech als éischt Gemeng offiziell als “Gemeng an Transitioun” deklaréiert huet, deelen.
Dono gi puer praktesch Beispiller aus Lëtzebuerg virgestallt.

Den Dag dono fënnt dann och een Atelier statt, wou een sech iwwert dës Thematik aktiv austausche kann. (Freides, 3. Mäerz vun 09h00 – 12h00 Auer am Oekozenter)

Umelle soll een sech bis den 28. Februar iwwert d’E-Mail Adress: pacteclimat@cell.lu

Dëst Evenement gëtt organiséiert vum CELL, dem Klima-Bündnis an dem mouvement écologique, am Partenariat mat der EBL an dem IMS.

Méi Informatiounen …