EBL-Generalversammlung 2022

Donneschtes, den 2. Juni 2022 huet d’EBL hier Generalversammlung fir dat ofgelafend Joer 2021 ofgehal. Gaaschtgeber war dës Kéier eis jéngsten Abonnentegemeng Koplescht, vun där och d’Nora Sahr, Architektin an EBL-Kontaktpersoun op der Gemeng, present war.

Eise President Guy Spanier huet duerch d’Versammlung geleet an den Tätegkeetsbericht virgestallt. Och wann 2021 nach däitlech ënnert der Pandemie gelidden huet, sou hat d’EBL trotzdeem e chargéierte Programm an huet Schwéierpunkter an de Beräicher Economie circulaire, nohalteg Digitaliséierung, Littering & Offall, Drénkwaasser, Bestëbser a Bildung fir nohalteg Entwécklung gesat. Doriwer eraus gouf vill Sensibiliséierungsmaterial ausgeschafft an eng Rei Formatiounen ofgehal. Den Detail vun eisen Aktivitéiten am Joer 2021 fannt dir an eisem Rapport d’activités (hei klicken).

Eise Caissier Jos Mathieu huet d’Finanze vun der EBL virgeluecht, wou no enger Rei positive Joren mol nees eng Kéiere e Minus zum Ofschloss vun 2021 ze verzeechne war. Trotz dësem Verloscht steet d’EBL awer weiderhi finanziell gutt do. Nom Bericht vun de Revisoren Thomas Hoffmann an Daniel Grommes goufen de Bilan an och d’Budgetsprévisioun säitens der AG guttgeheescht.

Folgende Leit goufe fir 2 Joer nei an de Comité gewielt, respektiv gouf hiert Mandat erneiert: Charel Kass a Laurent Majerus (allebéid nei), Luc Friedrich, Max Klein, Martine Schummer, Jos Mathieu, Caroline Calmes a Marc Jacoby (all erneiert). De Guy Spanier, de Klaus Gröll an de Jeannot Behm komplettéieren den EBL-Comité 2022. Hiert Mandat leeft nach bis 2023.

No der Aussiicht op d’Aktivitéiten 2022 gouf et en Ofschlossiessen am Restaurant, wou nach emol a gemittlecher Atmosphär iwwert d’Welt an Ëmwelt philosophéiert gouf.