EBL Generalversammlung zu Sandweiler
De Mëttwoch, 28. Mäerz 2018 hu mir eis Generalversammlung zu Sandweiler ofgehalen. Mir soe Jidderengem Merci, dee konnt dobäi sinn! Déi, déi net konnten deelhuelen an sech awer e Bild dovunner wëlle maachen, wat d’EBL am Joer 2017 alles geschafft huet a wat fir d’Joer 2018 um Programm steet kënnen sech gären eisen Tätegkeetsbericht ukucken. Bei Froen oder Input kënnt Dir iech wei ëmmer gäre bei eis mellen.