News

EBL Generalversammlung vum Joer 2018 zu Bartreng

De Méinden, 18. Mäerz 2019 hu mir an der Gemeng Bartreng eis Generalversammlung ofgehalen. Nieft dem Bilan vum Joer 2018 an dem Ausbléck op d’Joer 2019 goufen och Statute vun der EBL ugepasst, de Comité neigewielt an e neie Comités-Member begéisst (de Jeannot Behm, Ëmweltberoder bei der Gemeng Esch). Mir soen der Gemeng Bartreng e grousse Merci, dass mir sou häerzlech empfaange goufen. Merci och un d’EBL Member, déi deelgeholl hunn.

EBL Tätegkeetsbericht 2018