News

Bestëmmt mat ! Schéckt eis ären Input zu den neie Gesetzesprojeten aus dem Ëmweltberäich!

Ufank dës Joers goufen de Gesetzesprojet zum Buedemschutz an de Gesetzesprojet zu de Bëscher vun der Minister fir Ëmwelt, Carole Dieschbourg, an der Chamber deposéiert. Dës Gesetzesvirschléi betreffen net nëmmen d’alldeeglech Aarbecht an der Gemeng, dës Texter hunn virun allem och een Afloss op d’Entwécklung vum Ëmwelt-, Klima- an Naturschutz zu Lëtzebuerg! Dofir involvéiert iech a schwätzt mat!

Notzt déi méi roueg Summer-Woche fir d’Gesetzesprojeten duerch ze liesen! Schéckt eis bis spéitstens ufanks September eng E-Mail mat äre Commentairen! Mir regruppéieren den Input vun eise Member a ginn dëse weider un déi zoustänneg Instanzen. (info@ebl.lu)


Gesetzesprojet iwwert de Buedemschutz :

Projet de loi_Protection des sols_26.01.2018 N 7237Am Ufank vum Joer 2018 gouf de Projet zum neie Buedemschutzgesetz presentéiert. Dësen Text behandelt zwee grouss Voleten: Den éischte Volet befaasst sech mat dem präventive Schutz vum Buedem, an engem zweete Volet gëtt sech mat der Problematik vun (potentiell) polluéierte Sitte befaasst.

Och Gemenge sinn a verschiddene Punkte vun dësem Gesetzesprojet betraff! Sou gëtt de Gemenge beispillsweis am Kapitel 2, Artikel 5, Paragraphe 8 vum Text eng explizit Roll beim Ausschaffe vum nationale Buedemschutz-Plang zougedeelt. Och bei der Gestioun vun (potentiell) polluéierte Sitte sollen d‘Gemenge wichteg Funktiounen iwwerhuelen (Kapitel 3, Artikel 10, 37) net ze vergiessen hier Verantwortung als ëffentleche Bauträger (Kapitel 5, Artikel 51). D’Ausschaffe vu PAGen a PAPen muss an Zukunft och konform zu de Mesurë sinn, déi an dësem Projet de loi proposéiert ginn.


Gesetzesprojet iwwert d‘Bëscher :

Projet de loi_Forets_28.02.2018 N 725534% vun de Bëscher zu Lëtzebuerg gehéieren de Gemengen. Als Proprietär vun engem Bësch, hunn d’Gemengen eng grouss Responsabilitéit well d’Bëscher erfëllen e puer essentiell Funktiounen, déi d’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg entscheedend beaflossen! (Klimawandel, Loftqualitéit, Drénkwaasser, Buedemqualitéit, Biodiversitéit, Recreatiounspotential, Ressourcen,…).

Den neie Gesetzesprojet soll d’Reegele vun der Bëschbewirtschaftung moderniséieren an der aktueller Situatioun upassen. D’Gesetz regléiert beispillsweis wéi d’Bëscher musse geréiert ginn. Sou steet am Art. 13. beispillsweis, dass all Proprietär vun engem Bësch dee méi grouss ass wéi 20 ha ee Planungs-Dokument muss erstellen, an am Art. 14, dass all Coupe déi méi grouss ass wéi 40m3 am Viraus bei der Administratioun muss ugemellt sinn.